Kannerkëscht
De Wéngerteschleek
5 min
Am Kannereck presentéiert d'Monique Kirsch iech haut nees en Déier an zwar en Déier dat mam wëssenschaftleche Numm "Helix pomatia" heescht, e Numm deen dëst Déier vum schwedeschen Naturfuerscher Carl von Linné krut. Mä mat deem Numm kënne wuel déi mannst eppes ufänken. D'Helix pomatia ass nämlech e Schleek an zwar dat wat mer e Wéngerteschleek nennen. Iwwregens déi Schwäizer Gemeng Zell am Kanton Zürech huet de Wéngerteschleek esou guer an hirem Gemengewopen. An den däitschen Dokumentarfilmer Sascha Seifert huet 2013 esou guer en ganze Film iwwert de Wéngerteschleek realiséiert mat Titel "Slow"
Elo dann awer d'Monique Kirsch aus dem Naturmusée mat villen Detailer zu dësem faszinanten Déier.