Kannerkëscht
Den interaktive Piwitsch
8 min
Am Kannereck steet haut nees eng Kéier de Piwitsch, d'Kannerzeitung vum Script am Mëttelpunkt , eng Zeitung déi am Abrëll dëst Joer lancéiert gouf, a wou d'Kanner aus der Grondschoul vill Informatiounen iwwer Lëtzebuerg an och d'Welt dra fannen. De Claude Karger vum Script ass elo direkt beim Jean Claude Majerus am Studio fir iwwert, wéi een esou schéin, d'Interaktivitéit vum Piwitsch ze schwätzen, ma awer och iwwert eng Spezial-Emissioun vum Piwitsch fir de Summer, wou dir als Kanner aktiv kënnt mat maachen.