arrow_back_ios
Klassik aktuell
Finis Terrae
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
Fuschnei a bal 100 Joer al: Dëse Spagat wot United Instruments of Lucilin haut (2.6.) am Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck. Wärend um Ecran dem Jean Epstein säi Stommfilm "Finis Terrae" vun 1929 ze gesinn ass, interpretéiert den Ensembel eng nei Filmmusek vun der italieenesch-lëtzebuergescher Komponistin Nigji Sanges. De Luc Boentges schwätzt mam Perkussionist an Direkter vum Ensembel fir zäitgenëssesch Musek, dem Guy Frisch, iwwer dëse Projet.