arrow_back_ios

Kannerkëscht

100komma7.lu / Kannerkëscht

/ E musikalesche Grasshallem

E musikalesche Grasshallem

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

6 min

Salut Kanner, an ärem Kannereck. Tjo, d'Päischtvakanz ass ewell schonn eriwwer, mee dëse Weekend ass awer eréischt Päischten. Huet dir iech da schonn emol d'Fro gestallt, wat Päischten iwwerhaapt ass. Majo Päischten ass an der Kierch d'Fest vum hellege Geescht, an dat gëtt all Joer mat Päischtsonndeg a Päischtméindeg gefeiert, oder fir et anescht ze soen, den 49. a 50. Dag no Ouschteren


An dofir kann och den Datum vu Päischte vu Joer zu Joer änneren, et muss een dat ëmmer par Rapport zu Ouschtere kucken. Op alle Fall läit Päischten ëmmer tëschent dem 10. Mee an dem 13. Juni. Op Päischte gëtt, der Apostelgeschicht no, drun erënnert, datt 50 Deeg no der Operstéiung vu Jesus, seng Kolleegen am Fong vum Hellege Geescht gesot kruten, si sollen den Evangelium eraus an d'Welt droen.


D'Wonner dobäi, esou gëtt emol gesot, wier datt dem Jesus seng Kolleegen op emol all Sprooche vun der Welt konnte schätzen. Iwwregens den Ausdrock Päischten oder Péngschten, wéi se och deels hei am Land soen, kënnt vum griichesche Wuert "Pentekoste", wat esou vill wéi de 50. Dag heescht.


Päischten ass schonn zanter dem véierte Joerhonnert, als iwwer 1.600 Joer, en eegestännegt Fest. Mee et ginn awer och Kulturen, an deene Päischten eng Feier ass, fir der Natur, déi nees erwächt ass, Moien ze soen, an domat weess een, datt de Summer virun der Dier steet, an de Wanter endlech eriwwer ass. Päischten ass och meeschtens no den Äishellegen.


An dann hei zu Lëtzebuerg hu mir ëmmer d'Gënzefest zu Wolz op Päischtméindeg an d'Sprangprëssessioun zu Iechternach um Päischtdënschdeg. Voilà, dat ass also Päischten.


Elo awer bei eis Experiment vun haut, wou et, jo, emol musikalesch gëtt. De Joseph Rodesch an de Jean Claude Majerus verroden eis, ëm wat et geet.


Hei nach de Link fir dëst Experiment

Episoden

De Jos an den Tatzelwuerm

De Jos an den Tatzelwuerm

Fir de Jos, eise léiwe Lausbouf ass elo Fuesvakanz. Normalerweis ginn hien a seng Schwëster Nora net an d'Schivakanz, mee dëst Joer fuere si mat der Nonna an dem Bopa an d'Schwäiz an de Schnéi.
headphones

55 min

play_arrow
Episod 6: Schnipp Schnapp!

Episod 6: Schnipp Schnapp!

Dem Derrick seng Stëbsallergie ass besonnesch schlëmm. Duerfir muss e geschuer ginn. Mee ass en elo iwwerhaapt nach e luussegt, muussegt Monster ouni wujelege Pelz?
headphones

7 min

play_arrow
Episod 5: Eng Strëmp

Episod 5: Eng Strëmp

Den Derrick fënnt eng eenzel Strëmp an déi dräi luusseg, muusseg Monsteren iwwerleeën, ob dat net vläicht e Portal fir an eng aner Welt kéint ginn. Vläicht ass dat hir Chance, fir an de Frigo ze kommen?
headphones

7 min

play_arrow
Episod 4: Et gëtt gekacht!

Episod 4: Et gëtt gekacht!

Den Derrick ass en exzellente Kach. Seng Spezialitéit ass Hakabullibräi à la Derrick. Domadder kann ee besonnesch gutt knätschen an et kritt een esou schéi brong, gréng a knalleg orange Zänn.
headphones

5 min

play_arrow
Epsiod 3: Dinosaurier

Epsiod 3: Dinosaurier

Viru ganz ville Jore gouf et och scho Monsteren. Déi hunn Dinosaurier geheescht an déi gëtt et net méi, well e grousse Steen op d'Äerd gefall ass. Mee se sinn elo zeréck komm fir eis kleng Monsteren ze erféieren?
headphones

8 min

play_arrow
Episod 2: Grujeleg

Episod 2: Grujeleg

Wat brauch een alles fir richteg grujeleg ze sinn? Et muss ee sech gutt virbereden. Dat ass kloer! Do ass keng Zäit, fir ze schlofen.
headphones

7 min

play_arrow
Episod 1: Dräi luusseg, muusseg Monsteren

Episod 1: Dräi luusseg, muusseg Monsteren

Ënner dem grousse Bett am Bopa sengem klengen Zëmmer, uewen am klengen Haus wunnen dräi droleg Gestalten: den Derrick, de Pluto an d'Tippy. Si dreemen dovunner, engem Mënsch eng Kéier eng richteg Héngerhaut ze verpassen.
headphones

9 min

play_arrow
De Mukami an d'Bierger

De Mukami an d'Bierger

Eng nei Lauschtergeschicht mam Mukami vun der Anja Di Bartolomeo
headphones

39 min

play_arrow
Den Emil an de Frutz: E Kannerbuch an eng Lauschtergeschicht

Den Emil an de Frutz: E Kannerbuch an eng Lauschtergeschicht

Eng nei Lauschtergeschicht vum Claude Zeimes
headphones

9 min

play_arrow
Kann ee mat Téin e Glas zersprangen dinn?

Kann ee mat Téin e Glas zersprangen dinn?

headphones

5 min

play_arrow
Musek ass Gefill an dofir beréiert Musek

Musek ass Gefill an dofir beréiert Musek

headphones

5 min

play_arrow
Eng Nuecht an der Philharmonie

Eng Nuecht an der Philharmonie

headphones

30 min

play_arrow
De Rigoletto Vodoo-Zauber

De Rigoletto Vodoo-Zauber

headphones

24 min

play_arrow
Dem Luthier iwwer d’Schëller gekuckt

Dem Luthier iwwer d’Schëller gekuckt

headphones

6 min

play_arrow
D’Eloisa a seng Gei

D’Eloisa a seng Gei

headphones

5 min

play_arrow
Musek maachen op enger Schalimosflütt

Musek maachen op enger Schalimosflütt

headphones

5 min

play_arrow
Mir fabrizéieren eng Knupptut

Mir fabrizéieren eng Knupptut

headphones

6 min

play_arrow
E Besuch bei de Lëtzebuerger Philharmoniker

E Besuch bei de Lëtzebuerger Philharmoniker

headphones

5 min

play_arrow
De Kannerradionuechtsong 2025 “Nach en Dag” vum luk.

De Kannerradionuechtsong 2025 “Nach en Dag” vum luk.

headphones

7 min

play_arrow
E Fest am Wanterbësch

E Fest am Wanterbësch

headphones

11 min

play_arrow