Kannerkëscht
Wat huet de Pygmy mat de Walen ze dinn?
6 min
Am Kannereck vum natur musée geet et ëm e Flosspäerd, a wat si mat Walen, deene risegen Déieren am Mier ze dinn hunn. Méi genee geet et ëm en Zwergflosspäerd. Hautdesdaags zielen d'Flosspäerd a besonnesch Zwergflosspäerd och zu den Déieren, déi a Gefor sinn ze verschwannen. Bei der IUCN, der internationaler Unioun fir d'Erhale vun der Natur, steet ze liesen, datt et haut nach just tëschent 125.000 an 148.000 där zolitter Déieren gëtt. A bei den Zwergflosspäerd gesäit et nach méi uerg aus, do ginn et weltwäit just nach tëschent 2.000 an 3.000 Déieren.
Mee hei geet et ëm d'Fro: Wat d'Zwergflosspäerd mat Walen ze dinn hunn, an doriwwer kann de Patrick Michaely aus dem natur musée iech opklären.