Europa Aktuell
En europäesche Mindestloun
5 min
En europäesche Mindestloun op de Wee ze bréngen - mat deem Virsaz war d'Europäesch Kommissioun ënner der Ursula von der Leyen gestart - ëmsetze sollt dat den EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, den Nicolas Schmit.
Am Oktober 2020 hat de fréiere Lëtzebuerger Aarbechtsminister eng Direktiv op den Dësch geluecht. Zanterhier gouf hefteg iwwer déi Propos diskutéiert - virun allem verschidde Memberlänner hu sech dogéint gestäipt, wärend d'Propos dem Parlament net wäit genuch goung.
Gëschter si sech awer d'Europaparlament an d'Memberlänner prinzipiell eens ginn, iwwer e Kompromëss. Wat genee steet do dran? D'Danièle Weber huet Detailer.