Klassik aktuell
Ludwig van Beethoven: Freiheit - Schönheit - Humanität
7 min
Scho fir 2020 hat de Richard Wagner Verband Trier-Luxemburg de Concert geplangt, mee du koum d'Corona-Pandemie. Dëse Samschdeg (11.06.) stinn de Madrigal de Luxembourg, den Estro Armonico an den Trierer Konzertchor zesummen op der Bün vum groussen Auditorium an der Philharmonie. Dat mat Wierker vum Ludwig van Beethoven, an deenen d'Fräiheet, d'Schéinheet an d'Humanitéit eng grouss Roll spillen. D'Marie Schockmel huet sech mam Jochen Schaaf, dem Dirigent vum Madrigal de Luxembourg an dem Präsident vum Richard Wagner Verband Trier-Luxemburg, ënnerhalen.