Kannerkëscht
Aliens zu Lëtzebuerg?
6 min
Salut Kanner! Dir hutt bestëmmt schonn dat Wuert Aliens héieren, virun allem wa vun Horror- oder Science-Fiction-Filmer oder Bicher rieds geet, gëtt gäre vun Aliens geschwat. Alien ass e Wuert, dat aus dem Englesche kënnt an esou vill heescht wéi friem. A gemengt sinn domat onbekannte Wiesen, déi net vun dëser Welt sinn.
Mee hei beschäftege mir eis awer mat Aliens an der Planzen- an Déierewelt, well och do ginn där Aliens, déi vill zu Onwee maachen, och hei zu Lëtzebuerg. Kléngt komesch, ass awer esou. An doriwwer weess d'Monique Kirsch aus dem natur musée eis méi ze erklären.