Kannerkëscht
De Piwitsch Nummer zwee ass do
8 min
Salut Kanner! Am Abrëll dëst Joer hate mir iech op dëser Plaz, am Kannereck, déi nei Kannerzeitung vum Script presentéiert, de Piwitsch. Dir wësst jo nach wat oder wien de Piwitsch ass? Ech erënneren iech drun, de Piwitsch ass de Lëtzebuerger Numm vun engem Villchen, deen op däitsch Kiebitz heescht. An elo ass deen neie Piwitsch do, an d'Nathalie Bender vum Script ass beim Jean Claude Majerus fir him an eis ze erzielen, wat alles vun Theemen an deem neien Piwitsch, der Nummer Zwee, dran ass. An direkt fir unzefänken, d'Musek vum Piwitsch.