Klassik aktuell
Eng Première
7 min
E Sonndeg gëtt et fir deen nei gegrënnten Orchestre de la Place de l'Europe - kuerz OPE - eng Première. Nodeems d'Amateurmuseker:inne sech eng Saison laang drop virbereet hunn, steet elo deen alleréischten Optrëtt op der Affiche. Am Kader vum Fräiraim-Festival vun der Philharmonie interpretéiert den OPE dem Claude Debussy säi "Prélude à l'après-midi d'un faune" an dem Antonin Dvorak seng 9. Sinfonie mam Titel "Aus der neier Welt".
Ënner anerem iwwer dëst Wierk huet de Luc Boentges mam Benjamin Schäfer, dem Chefdirigent vum Orchester geschwat.