Al Schanken
Al Schanken
60 min
De Willy DeVille (25.8.1950-6.8.2009) verbënnt wéi kaum een anere klassesch Rockelementer mam Tex/Mex-Genre, mol op déi méi feiereg, mol op déi méi cool an ofgehaange Crooner-Manéier.
Willy DeVille ass de Bünenumm vum New Yorker William Paul Borsey Junior. Seng Karriär ass 1977 mam Debutalbum "Cabretta" esou richteg an d'Rulle komm. Deemools sinn hien a seng Band nach als "Mink DeVille" opgetrueden. Den US-Magasinn Rolling Stone huet dëse Release als "best album of the year" bezeechent, den Hit doropper war "Spanish Stroll". Zwee méi spéit Erfolleger aus den 80er, "Demasiado Corazon" an de Cover "Hey Joe" lafen nach haut op ville Radioen.
De Willy DeVille ass 2002 an 2006 och am Hollerecher Atelier opgetrueden. Hien ass mat knapps 59 Joer u Bauchspäicheldrüse-Kriibs gestuerwen.
D'Playlist:
Chicago - 25 Or 6 To 4 (Chicago, 1970)
David Bowie - Survivor (Hours, 1999)
Lou Reed - She's My Best Friend (Coney Island Baby, 1976)
Keith Caputo - Razzberry Mockery (Died Laughing, 1999)
Martin Turner's Wishbone Ash - Blowin' Free (Argus: Through The Looking Glass, 2017)
Captain Beeheart and the Magic Band - Same Old Blues (Bluejeans & Moonbeams, 1974)
Willy DeVille - Hey Joe (Live At Montreux, 1994)
Willy DeVille - Spanish Stroll (Live At Montreux, 1994)
Willy DeVille - Demasiado Corazon (Life At Montreux, 1994)
Groundation - Waterfall (Each One Teach One, 2001)
Johnny Cash - Further Up On The Road (American V: A Hundred Highways, 2006)
America - A Horse With No Name (single, 1971)