Kannerkëscht
Kann een iwwer d'Waasser lafen?
6 min
Salut Kanner! Wësst dir wat Aquajogging ass? Abee da komm mer deelen d'Wuert mol op. Also Aqua ass dat laténgescht Wuert fir Waasser an Jogging kënnt vum engleschen Wuert to jog, wat esou vill heescht wéi rëselen, erop an erof beweegen an dat steet fir Lafen. Deemno heescht Aquajogging, lafen am Waasser, dat hutt der dach bestëmmt schonn a Schwämme gesinn. Gutt, also lafen am Waasser geet, mee lafen iwwer d'Waasser, ass dat da méiglech? Dat gi mer elo gewuer, well d'Michèle Weber vu Science.lu an de Jean Claude Majerus beschäftegen sech mam Lafen iwwer d'Waasser.
Hei dann de Link op science.lu fir Lafen iwwer d'Waasser