Klassik aktuell
Philosoph um Dirigentepult
6 min
Am kommerziellen Museksbetrib muss ee Chef invité sech alt mat zwou Prouwen zefridde ginn, fir ee Programm ze preparéieren. Engem Prezisiounsfanatiker wéi dem Sergiu Celibidache ass dat net duergaangen. Dem Celibidache ass et net ëm d'Interpretatioun gaangen, hien hat sech op d'Sich no der musikalescher Wourecht gemaach, an déi louch fir hien net an den Nouten. Musek existéiert net fir den Celibidache, deen den 28. Juni 1912 a Rumänien op d'Welt kënnt, si besteet net, mee si entsteet permanent.