Grousse Kino
Mat "Läif a Séil" bei der Saach
56 min
An dëser Spezialeditioun huele mir eis d'Fräiheet net ewéi gewinnt aktuell Film-Sortien ze beschwätzen, mee mir stellen e Film an de Mëttelpunkt, deem seng Opnamen zanter knapps enger Woch eréischt an der Këscht sinn: "Läif a Séil", deen éischte Long-Metrage vum Loïc Tanson.
Heifir huet d'Vesna Andonovic de Realisateur Loïc Tanson, de Schauspiller Timo Wagner an Samsa-Film-Produzent Claude Waringo an de Studio agelueden a freet ënner anerem, wat e Spaghetti-Western an engem Lëtzebuerger Duerf aus der Mëtt vum 19. Joerhonnert verluer huet, firwat Männer do hanner enger Fra déi zweet Géi spillen, a wéi een e belsche Produzent iwwerzeegt fir e Film a Lëtzebuerger Sprooch ze finanzéieren.