Klassik aktuell
Pionéieraarbecht
5 min
1933 spillt d'Wanda Landowska fir d'éischt iwwerhaapt dem J.S. Bach seng "Goldberg-Variatiounen" integral um Cembalo. Et war eng vun de ville Pionéierleeschtungen, déi déi franséisch Musekerin mat polnesche Wuerzelen opzeweisen huet. D'Wanda Landowska huet mat grousser Leidenschaft fir hiert Instrument gekämpft: als Interpretin, als Enseignante an och a ville Publikatiounen. Mat de grousse Meeschter vun der historescher Opféierungspraxis, déi sech an der Mëtt vum 20. Joerhonnert gewisen hunn, vergësst ee gären, datt et ënner anerem d'Wanda Landowska war, déi den Terrain scho laang preparéiert hat. D'Wanda Landowska kënnt de 5. Juli 1879 zu Warschau op d'Welt.