Klassik aktuell
50 Joer no der Uropféierung
6 min
Den 9. Juli 1972 war an der Basilika zu Iechternach d'Uropféierung vun "Der Geiger von Echternach", den Oratorium vun der Lou Koster. Et war der Komponistin hiert lescht Wierk. De Pierre Cao hat d'Orchestratioun gemaach an och d'Première dirigéiert. D'Lou Koster hat sech iwwer Jore mam Nikolaus Welter sengem Text beschäftegt a sech Enn de 60er Joren dru gemaach, d'Geschicht vum Geiger an Oratorie-Form ze bréngen. Genee 50 Joer méi spéit, en nächste Samschdeg, 9. Juli, gëtt den Oratorium am Trifolion ënner der Direktioun vum Pierre Cao nees opgeféiert.