Klassik aktuell
"Auditioune sinn ëmmer e grousse Stressfacteur"
8 min
Fir de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg gëtt d'Saison 2022/2023 eng Saison vun der personeller Erneierung. Zéng Plazen - dorënner déi vum Konzertmeeschter - mussen nei besat ginn. Dat sinn nach Nowéie vun de sanitären an och de finanzielle Contraintë wärend der Pandemie. Dës Woch waren eng ganz Rëtsch Auditiounen - ënner anerem fir d'Konzertmeeschterplaz.
Mir hu mam Patrick Coljon, laang Jore selwer Cornist am Orchester, antëschent awer Manager vum OPL, iwwer d'Modalitéite vun esou Auditioune geschwat.