Klassik aktuell
Vu Pauke bis Triangel
8 min
D'Frënn vum gefleegten Trommelwirbel komme vun en nächste Sonndeg un nees voll op hir Käschten - dann ass déi nächst Editioun vun der International Percussion Competition Luxembourg (IPCL) am Stater Conservatoire. Zanter 1989 leeft dësen internationale Concours an engem Dräi-Jores-Rhythmus an ass antëschent och Member vun der internationaler Associatioun vun de Museksconcoursen. Fir d'Editioun 2022 gëtt et net just de geleefege Repertoire ze héieren, mee och vill nei Wierker ze entdecke grad wéi och jonk Talenter op der Perkussioun. Wien um Enn d'Renne mécht, decidéiert sech an der Finall, de 24. Juli.