Klassik aktuell
"... composé pour rien ... pour le plaisir"
5 min
"Mon Requiem a été composé pour rien ... pour le plaisir, si j'ose dire! Il a été exécuté pour la première fois à la Madeleine, à l'occasion des obsèques d'un paroissien quelconque.", notéiert de Gabriel Fauré. Datt hie säi Requiem fir näischt geschriwwen hätt, do ënnerdreift de Komponist gewalteg. Dem Gabriel Fauré seng Kompositioun gehéiert haut zu deene populäersten am sakrale Repertoire, eng Popularitéit, déi se deenen einfachen, schéine Melodien an där kontemplativer Stëmmung ze verdanken huet. D'Uropféierung vun der Endfassung war den 12. Juli 1900 zu Paräis.