Moonalice kënnt vu San Francisco, den haarde Kär besteet aus engem Quartett ronderëm de Robert McNamee. D'Formatioun kann awer fir Concerten duerchaus op eng zéng Museker/innen erweidert ginn. Moonalice knäppt gären un den Jam-Genre aus den Enn 60er/ufanks 70er Joren un. Esou ziele si Grateful Dead an Jefferson Airplane zu hire Virbiller, dat zanter der Bandgrënnung 2007.
"Birdsong" ass dann och eng Kompositioun vun den zwee Dead-Museker Jerry Garcia a Robert Hunter, geschriwwen 1971 als Hommage un d'Janis Joplin. Op hirem Site moonalice.com kann een dëst Lidd - wéi aacht aner Singlen - gratis (!) eroflueden.
En anere Cover, "Time Has Come Today" - am Original vun den Chambers Brothers - ass déi bis ewell rezentst Publikatioun vun de Kalifornier. Hei stoung deen antëschent 79järege Lester Chambers mat am Studio.
D'Playlist:
Motörhead - Heroes (Motörizer, 2008)
Moonalice - Fair To Even Odds (Dave's Way Vol. 6, 2013)
Moses Guest - Wheel (Best Laid Plans, 2007)
Willard Grant Conspiracy - Soft Hand (Regard The End, 2003)
Television - Ain't That Nothing (Adventure, 1978)
The Lemonheads - It's A Shame About Ray (It's A Shame About Ray, 1992)
The Band - The Weight live (The Last Waltz, 1978)
The Band - Such a Night live (The Last Waltz, 1978)
Moonalice - Bird Song (Time Has Come, 2020)
Moses Guest - Bird (Best Laid Plans, 2007)
The Rolling Stones - Sympathy For The Devil (Beggars Banquet, 1968)