arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

Der englescher Band Traffic hir Originne ginn op d'60er Joren an op d'Spencer Davis Group zeréck: déi stoung gläich e puermol uewen an den Charts (mat "Keep on Running", "Gimme Some Lovin", "I'm a Man") - wat net zu Lescht un der prägnanter Stëmm vum jonke Steve Winwood louch, deen och meeschtens Uergel gespillt huet. Den Dave Mason war als Roadie fir si aktiv an hat ë. a. als Instrumente-Stëmmer gutt Kenntnisser vu Gittar, Bass a Keyboards. 1967 gouf Traffic gegrënnt.


No engem Ofstiecher bei Blind Faith (mat ë. a. dem Eric Clapton) koum de Winwood 1970 erëm bei Traffic zeréck an huet zesumme mam Mason un engem neie Sound gebastelt, mat méi Improvisatioun an Jazzaflëss. Déi richteg Leit dofir waren de Chris Wood (Saxofon, Flütt) an den Drummer Jim Capaldi. Méi spéit ass d'Band op siwe Leit ugewuess, mat derbäi war och de Perkussionist Reebob Kwaku Bah, dee méi spéit sollt bei Opname vun der däitscher Formatioun Can matmaachen.


Den Duebelalbum "On The Road" gouf 1972 wärend enger Däitschland-Tour opgeholl a koum 1973 um Label Island eraus. Proposéiert gi sechs Lidder, mat enger Spilldauer vun am Ganzen iwwer 75 Minutten.


D'Playlist:



The Smithereens - The House We Used To Live In (Green Thoughts, 1988)

The Babe Rainbow - Secret Enchanted Broccoli Forrest (The Babe Rainbow EP, 2015)

New Order - Everyone Everywhere (Republic, 1993)

Allah-Las - Tell Me (What's On Your Mind) (Allah-Las, 2012)

The Go-Betweens - Streets Of Your Town (16 Lovers Lane, 1988)

Talking Heads - Flowers (Naked, 1988)

Lou Reed - Busload Of Faith (New York, 1989)

The Small Faces - Song Of A Baker (Odgens' Nut Gone Flake, 1968)

Steve Marriott - All Or Nothing (Live In London, release 2009)

Traffic - (Sometimes I Feel So) Uninspired (live) (On The Road, 1973)

Van der Graaf Generator - Masks (World Record, 1976)

Marcus Miller - Detroit (Renaissance, 2012)


Episoden

Al Schanken

Come Closer And See, See Into The Trees (The Cure, A Forest)
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Wild Thing You Move Me, But I Wanna Know For Sure (Chip Taylor, Wild Thing)
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

And If You Say Run, I’ll Run With You (David Bowie, Let’s Dance)
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

If I Keep Holding Out, Will The Light Shine Through? (Pearl Jam, Come Back)
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

I Walk Through Confusion With A Smile On My Face (Ride, Natural Grace)
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

How You Get Your Kicks For Living? (Lou Reed, Kicks)
headphones

60 min

play_arrow

Let’s go live!

Vill Live-Opnamen an dëser Stonn Al Schanken
headphones

184 min

play_arrow

Jones Gang & Jeff Beck live

Zwou Rock Ikonen am Concert
headphones

184 min

play_arrow

Let’s groove!

Net nëmmen beim 2020 verstuerwene Bill Withers a senge Live-Opnamen aus dem Joer 1973 steet de Groove am Mëttelpunkt - an deen ass an dëser Stonn omnipresent ...
headphones

184 min

play_arrow

Soul and Funk

De Grëff an déi musikalesch Archivkëscht geet dës Kéier a Richtung Soul a Funk ...Genren, déi besonnesch an de Siwwenzeger Joren grouss erauskoumen a via d’USA exportéiert goufen.
headphones

184 min

play_arrow

Let’s go live!

Vill Live-Opnamen an dëser Stonn Al Schanken
headphones

184 min

play_arrow

Ben Harper live

De 26. Oktober 1997 hat den US-Museker souzesoen en Happy-Birtday-Gig am Atelier: hien ass do 2 Deeg no sengem 28. Gebuertsdag am Quartett opgetrueden ...
headphones

60 min

play_arrow

The Stranglers live

Mam Band-Matgrënner Jean-Jacques Burnel sinn déi englesch The Stranglers haut nach ëmmer aktiv - hien ass awer deen eenzegen Originalmember vun der Formatioun.
headphones

60 min

play_arrow

Psych Pop a Space rock

Mam Dave Brock a senger Formatioun Hawkwind a sengem fréiere Bandkolleeg Nik Turner stinn zwee Pionéier vum Space rock op der Playlist.
headphones

60 min

play_arrow

Dear Jerry

Vill Kolleege vum Grateful-Dead-Frontmann Jerry Garcia koumen am Mee 2015 am US-Bundesstat Maryland fir e sougenannten Tribute-Concert zesumme fir un hien ze erënneren.
headphones

60 min

play_arrow

Lemmy’s side project

headphones

60 min

play_arrow

Klangwelten

Invitatioun fir eng musikalesch Rees uechter verdreemte Soundwelten, Zäit fir d’Kompositiounen, wou manner haart gerockt mee éischter sophistiquéiert musizéiert gëtt.
headphones

60 min

play_arrow

Lou Reed live

An dëser Stonn lafen e puer Live Opnamen vun him, dorënner zwou méi apart Versiounen vu senge Kompositiounen ‚Kicks‘ a ‚Vicious‘.
headphones

60 min

play_arrow

Golden Earring live

Déi hollännesch Band gouf 1961 vun e puer Schoulkolleege an d’Liewe geruff a bestoung bis 2021. Dräi vun hiren éischten Erfolleger hu mir an der Live-Versioun derbäi.
headphones

60 min

play_arrow

Guns N’ Roses live

An dëser Stonn stinn e puer Live-Opname vun der US-Band op der Playlist a ginn esou e Virgeschmaach op den Optrëtt vun Axl Rose, Slash a Co. um Kierchbierg den 28. Juli.
headphones

60 min

play_arrow