Kannerkëscht
Sonnecrème testen!
Salut Kanner. Dir mierkt et selwer dobaussen, d'Sonn schéngt iwwer Bierger an Dall. Wann et esou waarm ass wéi den Ament, ass et awer besser am Dag dobannen ze bleiwen, mee wann dir awer eraus musst, da musst dir uecht dinn. Well dat ass net ouni Gefor. Besonnesch d'Hautdoktere pochen all Joers op en neits drop, wann de Summer kënnt, datt ee seng Haut onbedéngt virun de Sonnestralen protegéiere muss, souwuel déi Erwuessen wéi och d'Kanner. Et ass ëmmer sënnvoll en Tüb Sonnecrème bei sech ze hunn, fir datt ee sech zu all Ament kann acrèmen, oder och emol no e puer Stonnen kann nocrèmen.
Mee wéi laang ass eng Sonnecrème iwwerhaapt gutt? Déi Fro ass net vu Muttwëll. Wéi ee kontrolléiere kann, ob eng Sonnecrème nach gutt ass oder net, weist dëst Experiment: Wéi gutt ass meng Sonnecréme?