arrow_back_ios
Klassik aktuell
Nachts in St. Gangolf - Träume und Visionen
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
Passend zum Theema vum Mosel Musik Festival 2022, dem Marcel Proust sengem Wierk "À la recherche du temps perdu", geet et beim drëtte Concert vun der dësjäreger Oplag ëm Dreem a Schlofen. Um Programm sti Wierker vun ënner anerem Henry Purcell, Antonio Vivaldi a Claude Debussy. Eng Rezitatioun begleet de Gambenconsort mat passenden Texter. Den Tobias Scharfenberger, Intendant vum Mosel Musik Festival, huet dem Marie Schockmel méi iwwer dëse verdreemte Concert verroden.