Kannerkëscht
Déi éischt Mënschen um Sommet vum Mont Blanc
4 min
Vläicht waart Dir jo schonn emol mat Ären Elteren oder soss eng Kéier an de franséischen Alpen an der Vakanz, an do gouf dach bestëmmt op d'mannst eemol vum Mont Blanc geschwat, deen, wéi ëmmer gesot gëtt, den héchste Bierg aus Europa. Wat awer net esou richteg ass.
Et war ëmmer oder bleift och nach haut fir vill Mënschen en Dram, eng Kéier op e ganz héije Bierg ze klammen. Abee et sinn elo iwwer 225 Joer hier, datt déi éischt Mënschen am Joer 1786 op de Mont Blanc, den héchste Bierg vun den Alpen, geklommen ass. De Jacques Balmat an den Michel-Gabriel Paccard haten et als éischt bis op den Sommet gepackt.