Kannerkëscht
Aus Mëllech gëtt Pech
8 min
Salut Kanner. Hutt dir iech schonn eng Kéier d'Fro gestallt, wat Philosophie ass? Also Philosophie oder besser Philosophe si Mënschen, déi probéieren, d'Welt ze verstoen. Well de Mënsch philosophéiert schonn zanter en denken a schwätze kann, an et geet ënner anerem dorëms gewuer ze ginn, wat gutt oder béiss, wat richteg oder falsch ass. D'Wuert Pihlosophie kënnt aus dem Griicheschen a setzt sech zesummen aus "philos", wat esou vill heescht wéi "Kolleeg" a "sophia", dat fir Wëssen oder Weisheet steet. Et gëtt esouguer gesot, datt d'Philosophie um Ufank vun alle Wëssenschafte stoung.
D'Philosophe sinn ëmmer op der Sich no Äntwerten, an zwar Äntwerten op Froen iwwer de Sënn vum Liewen. Mee wéi eng Froe kënnen dat sinn? Hei e puer Beispiller: "Wouhier weess ech, wat ech weess?" oder "Firwat sinn ech hei?" oder "Wat ass richteg a wat ass falsch?" A Kanner, hutt dir Äntwerten op dës Froen? Dat ass guer net esou einfach, gell. Mee genee dat ass awer, einfach erkläert, Philosophie.
An eisem Experiment dës Kéier am Kannereck vum radio 100,7 wëllen de Joseph Rodesch an de Jean Claude Majerus dach wierklech erklären, datt een aus Mëllech ka Pech maachen. A virun allem Pech, deen extreem gutt pecht. Do si mir awer emol gespaant!
An hei dann och de Link fir dëst Experiment op science.lu