Klassik aktuell
Beim Ring leeft et net ronn
6 min
Als Familljegeschicht, wéi se haut an Televisiounsserië verzielt gëtt, wëllt de Regisseur Valentin Schwarz säi "Ring des Nibelungen" presentéieren, deen dëst Joer als nei Produktioun zu Bayreuth ze gesinn ass. Direkt beim éischten Owend - dem "Rheingold" - gouf et net just Applaus fir dëst Konzept. Generell huet deen neie Ring souwisou mat villen Obstakelen ze kämpfen. Corona-bedéngt war en ëm zwee Joer verréckelt ginn. Virun de leschte Prouwen ass dunn den designéierten Dirigent, de Pietari Inkinen, ausgefall. An och wärend den Opféierunge goung et net ouni Pannen. Beim "Rheingold" huet eng Garagëpaart geklemmt. Wärend der "Walküre" blesséiert sech de Wotan-Sänger Tomasz Konieczny.
Den ARD-Korrespondent Bernhard Neuhoff war bei der Walküre-Opféierung derbäi.