Klassik aktuell
De Wotan war nees fit
6 min
Nodeems déi zwee éischt Deeler vun där neier Ring-Produktioun an der Regie vum Valentin Schwarz zu Bayreuth mat allerlee Schwieregkeeten ze kämpfen haten an och konzeptuell net iwwerzeegt haten, duerft een op den drëtten Owend - op "Siegfried" - gespaant sinn. Op d'mannst de Wotan-Sänger, den Tomasz Konieczny, dee sech an der "Walküre" blesséiert hat an huet missen ofbriechen, war nees um Dill a gehéiert zu deene positiven Erscheinunge vum "Ring". Den ARD-Korrespondent Peter Jungblut mat sengen Impressiounen