arrow_back_ios
Kannerkëscht
Wäiss mat schwaarze Sträifen oder schwaarz mat wäisse Sträifen?
Ech hunn eng Fro fir iech Kanner, kennt dir en Déier mat Sträifen? Jo, den Tiger ass richteg, mee de Jean Claude Majerus mengt hei awer en anert Déier, dat engem Päerd oder Iesel gläicht. Richteg, den Zebra. An d'Monique Kirsch aus dem natur musée zielt eis eppes iwwer den Zebra. Mat direkt fir unzefänken awer nach enger Fro: Wéi eng Faarwen huet den Zebra? Ass e wäiss mat schwaarze Sträifen oder schwaarz mat wäisse Sträifen? D'Monique huet bestëmmt d'Äntwert dorobber.