Klassik aktuell
De Festival Ravel am Baskeland
7 min
Dräi Woche laang leeft de Festival Ravel am Baskeland. Nieft enger Akademie fir jonk Museker, Konfererenzen stinn hei méi wéi 30 Concerten mat insgesamt 800 Kënschtler um Programm. D'Haaptthema vum Festival, wéi den Titel et scho verréit, ass de Maurice Ravel, deen zu Ciboure am Baskeland op d'Welt koum. Mä och Musek vum Igor Strawinsky, deen dräi Joer am Baskeland gelieft huet, a vum Claude Debussy, dee säi leschte Summer do verbruecht huet, sinn hei ze héieren. D'Marie Schockmel huet sech mam Co-Direkter vum Festival Ravel, dem Bertrand Chamayou, ënnerhalen.