Klassik aktuell
"Alle Menschen"
6 min
Et ass e Festival mat enger laanger Traditioun - zanter 1845 gëtt et d'Beethovenfest Bonn schonn. Och dëst Joer ass de Programm mat insgesamt méi wéi 100 Concerte op méi wéi 27 verschiddene Plaze gutt gefëllt. Ënner dem Motto "Alle Menschen", inspiréiert vun der Phrase aus dem Ludwig van Beethoven senger 9. Symphonie "Alle Menschen werden Brüder" ass de Festival och ee Festival der Künste, bei deem nieft Musek och Danz, Performance, Architektur a Konscht zesummewierken.
D'Marie Schockmel huet sech mam Steven Walter, dem Intendant vum Beethovenfest Bonn, ënnerhalen.