Kannerkëscht
Eng Zäitrees
Salut Kanner, hutt dir iech schonn emol Gedanken iwwer d'Zäit gemaach? Wéi dacks am Dag kuckt dir op d'Auer? Hutt dir iwwerhaapt eng Auer un, oder ass de Smartphone är Auer, äre Wecker?
Oder kennt dir Spréch, déi mat der Zäit an der Auer ze dinn, wéi zum Beispill "Briech der d'Auer net". Oder, "Alles huet seng Zäit just d'Fléifänken net". "Hues de mol d'Pensioun, dann hues de keng Zäit méi". "D'Zäit an d'Leit muss een huelen, wéi se kommen" asw. Dir denkt elo bestëmmt, wat erzielt deen doten eis. Ech zielen dat einfach, fir d'Kéier ze kréie bei de Bäitrag, dee de Patrick Michaely aus dem natur musée iech proposéiert, wou hien op d'Spuere vun der Zäit an der Stad Lëtzebuerg geet. De Patrick hëlt iech deemno am richtege Sënn vum Wuert an de nächste Minutte mat op eng Zäitrees.