Kannerkëscht
Schlof, Déierche schlof
6 min
Ganz vill Mënsche schlofen um Réck, anerer um Bauch an nach anerer op der Säit. Déi eng schlofe ganz roueg, gi kaum waakreg an der Nuecht an hunn deels esou en déiwe Schlof, datt e Freedefeier kéint explodéieren, ouns datt si waakreg ginn. Bei de Kanner, zemools bei de ganz klenge Kanner, gesäit een, wann een an der Nuecht emol kucke geet, datt si dacks anescht leien a sech nawell vill am Schlof beweegen. Bei de Mënschen kenne mir dat. Mee hei gi mir eriwwer bei Déieren. Fir de Kannereck huet d'Monique Kirsch aus dem natur musée sech nämlech d'Fro gestallt: "Wéi schlofen Déieren?