arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Museksgenoss op héchstem Niveau"
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Am Raum vu Konz gouf et schonn zanter méi wéi 20 Joer eng Akademie fir Pianisten. Wéi de Joseph Moog virun zwee Joer gefrot gouf, déi Akademie weiderzeféieren, huet hien direkt och nach en neie Festival gegrënnt: de Konz Musik Festival. Op der Affiche sti Concerte mat Kammermuseksensembelen, ënner anerem mat der Kammerata Luxembourg, an och mam Jazztrio Waltzing. D'Marie Schockmel huet sech mam Joseph Moog, dem Festivalleeder, ënnerhalen.