Klassik aktuell
"E Symbol fir d'Zesummebréngen an eiser Zäit"
6 min
Den Arvo Pärt hätt am Laf vu senger Karriär als Komponist probéiert, d'Bréckefunktioun vun der Kultur tëschent Russland a Westeuropa oprecht ze erhalen, seet de Lëtzebuergeschen Ambassadeur fir d'Tscheschech Republik, d'Ukrain an Estland Ronald Dofing. Dofir, fir seng Meritten als Museker a well hien e Vertrieder vum humanisteschen Europa ass, huet d'Lëtzebuerger Regierung decidéiert him den Ordre de la Couronne de chêne ze iwwerreechen.
De Luc Boentges huet mam Ronald Dofing iwwer d'Hannergrënn, de Komponist an och den Arvo-Pärt-Zentrum geschwat.