Klassik aktuell
E Lach am Zentrum vum Concert
6 min
Wärend vill Interpretinnen an Interpreten e besonnescht Wierk oder eng Epoch an den Zentrum vun hire Concerte setzen, läit de Fokus vum G.A.P.-Ensembel um Lach. Um zäitleche Lach tëschent zwee Komponisten, fir genee ze sinn. Beim Moselmusikfestival proposéieren déi dräi Museker zesumme mat der Sängerin Dorotee Mields e Programm, bei deem et ëm d'Differenzen an d'Brécken tëschent dem Johann Sebastian Bach an dem Dmitri Schostakowitsch geet.
Fir méi iwwer dëst besonnescht Konzept gewuer ze ginn, huet de Luc Boentges mam Geiist Emilio Percan vum G.A.P.-Ensembel geschwat.