Klassik aktuell
Eng breet Opstellung
9 min
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL) huet seng nei Saison virgestallt. Entgéint der Erwaardung, virun allem iwwer de Contenu vun de Concerten informéiert ze ginn, huet den OCL eng nei Partnerschaft mat der Stad Lëtzebuerg ugekënnegt. Dozou gehéiert eng Kollaboratioun mat de Stater Theateren, fir Operen an Danzprojeten, pedagogesch Opféierungen an eng méi eng enk Zesummenaarbecht mam Stater Conservatoire. Dernieft plangt den OCL en éischten Optrëtt zu Paräis an der Opéra Comique, eng Rei Concerten a regionale Kulturhaiser an och Opféierungen an der Groussregioun.
De Luc Boentges huet mam Georges Santer, dem President vum Verwaltungsrot vum OCL, iwwer dës nei Partnerschaft an d'Bedeitung vun de vill verschiddene Concerten an der neier Saison geschwat.