Gebuer gouf de Jean, genannt "Jängi", Fohrmann de 5. Juni 1904 zu Diddeleng. Mat 15 fänkt hien op der Diddelenger Schmelz un, schléisst sech dem LAV un, dem Virgänger vum OGBL. 1924 mécht hien Etüden op der Ecole Ouvrière Supérieure zu Bréissel. Hie gëtt Gewerkschaftssekretär a réckelt 1935 an der Chamber no an d'Plaz vum déidlech verongléckte Jean-Pierre Bausch. Nom Krich war hien nees an der Chamber a vun 1946 bis 1965 Buergermeeschter vun Diddeleng. Vun 1953 bis 64 war de Jängi Fohrmann Direkter vum Tageblatt.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 49 Joer stierft de Jängi Fohrmann
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min