Klassik aktuell
Zwee ganz perséinlech Concerten
9 min
"Et ass, wéi wann ee mam Komponist zesummen an d'Vakanz geet" - esou beschreift de Pianist Jean Muller d'Preparatioun an d'Interpretatioun vun enger Intégrale. Op sengem Concert muer Freideg am Kader vum Klenge Maarnecher Festival start de Jean Müller zesumme mam Schwäizer Geiist Sebastian Bohren eng Intégrale vun de Geie-Sonaten vum Franz Schubert - ee Projet, deen iwwert dräi Joer leeft. Dräi Deeg drop ass de Pianist dann op der Bün vum grousse Sall an der Philharmonie, dat zesumme mat de Solistes Européens Luxembourg. Op der Affiche steet d'Uropféierung vum Ivan Boumans sengem Pianosconcerto "Deconstructing Love". D'Marie Schockmel huet sech mam Jean Muller iwwert seng zwee nächst Concerten ënnerhalen.