arrow_back_ios
Klassik aktuell
Do, wou et ugefaangen huet
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
"Schätze der Region" ass den Titel vun engem Concert zu Scheuder a Sachsen-Anhalt mat ënner anerem Wierker vum Pol Albrecht. De Pol Albrecht war 49 Joer laang Museker an der Militärmusek a vun 1938 bis 1939 och Dirigent. Datt seng Musek elo zu Scheuder als "Schatz der Region" ze héieren ass, huet mat de Recherchë vu sengem Urenkel Christopher Albrecht ze dinn, deen erausfonnt huet, datt d'Wuerzele vun der Famill Albrecht an der Géigend vu Köthen leien.