Klassik aktuell
Ita Infinita: Bach and Present
7 min
Den Ensembel Lucilin an d'Elisabeth Schilling - déi zwee huet ee schonn eemol op enger Affiche zesumme gesinn. Dëse Freideg ass et dann déi zweete Kéier, wou et dës Collaboratioun gëtt - dat am Kader vum Echter' Classic Festival 2022. Am Mëttelpunkt vun der Produktioun steet d'Geiepartita Nummer 1 vum Johann Sebastian Bach, an hei geet et drëm, d'Musek vum Bach mat zäitgenëssescher Musek ze verbannen. D'Marie Schockmel huet sech iwwer dës transmedial Kreatioun mat der Florence Martin, der Co-Directrice vu Lucilin, ënnerhalen.