Genuddels a Gejiips
Den Aaron Parks an de Pharoah Sanders
60 min
Den Aaron Parks huet ee ganz eegenen organesche Langage um Piano entwéckelt. Hee reit sech an eng Traditioun an, déi éischter Richtung Paul Bley wéi Oscar Peterson geet, an huet mat sengem mageschen Touché, sengem elegante Phrasé an enger transparenter Aart a Weis ze komponéieren fir vill Leit eng onimitabel Stëmm entwéckelt.
De Pit Dahm an de Pol Belardi retracéiere säi Wee iwwer déi wichtegst Albumen als Sideman a Leader, virun allem dee leschten Opus Volume II vun 2022. Ausserdeem gëttt et en Noruff un de Pharoah Sanders.