arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng musikalesch Institutioun
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Mat enger hallwer Dosen Orchesteren ass London musikalesch beschtens ausstafféiert. Fir déi eenzel Ensembelen heescht dat allerdéngs, hir Plaz an der Museksmetropol ze fannen an ze behaapten. Ee vun dësen Orchesteren ass London Philharmonic Orchestra, deen op den Dag, de 7. Oktober 1932, säin alleréischte Concert gespillt huet. Grënner vum Orchester war den engleschen Dirigent Thomas Beecham.