Klassik aktuell
Von ewiger Liebe
9 min
"Meine Kunst lasse ich nicht liegen, ich müsste mir ewige Vorwürfe machen", schreift d'Clara Schumann an hirem Journal. D'Musek war eng vun hire grousse Léiften, eng aner hire Mann, de Robert Schumann. Ëm béid Léiften huet d'Clara Schumann misse kämpfen. Wéi d'Komponistin sech am 19. Joerhonnert huet misse behaapten, ass e vun de Sujeten am zeenesche Concert den Owend um 20.00 Auer (12.10.2022) am Trifolion zu Iechternach. D'Clara-Schumann-Biographin Danielle Roster huet zesumme mat der Actrice Fabienne Elaine Hollwege an dem Trio Dora dëse Projet konzipéiert - e Projet, deen an d'Museksgeschicht kuckt an dobäi gesellschaftlech Problemer uschwätzt, déi deels och nach haut aktuell sinn.