arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

Den Jerry Garcia huet Enn de Sechzeger/Ufanks de Siwwenzeger als songwriter, Leadgittarist a Sänger vun der US-Formatioun Grateful Dead Rockgeschicht geschriwwen, e.a. mam Genre 'Jam' wou laang an improviséiert Live-Optrëtter fir Begeeschterung bei de Fans gesuergt hunn.


Eng Partie vu sengen deemolegen Dead-Matmuseker - Phil Lesh, Bob Weir, Bill Kreutzmann a Mickey Hart - haten sech mat Gäscht am Mee 2015 am US-Bundesstaat Maryland fir eng Tribute-Nuecht zesummegedoen, déi ënnert dem Titel 'Dear Jerry: Celebrating The Music Of Jerry Garcia' och als Duebelalbum erauskomm ass. Invitéeë waren e.a Peter Frampton, Jorma Kaukonen vun Jefferson Airplane, Los Lobos, Allen Toussaint, Jimmy Cliff ... . Zesummen hu si eng Hellewull al Grateful Dead-Klassiker nei interpretéiert


Den Jerry Garcia ass de 9. August 1995 am Alter vun 53 Joer gestuerwen. Wien u senge ville side projects interesséiert ass, sollt sech den Dokumentarfilm "Grateful Dawg' (2000) ukucken, wou iwwer seng Zesummenaarbecht mam anere Säite-Spezialist a Mandolinist Dave Grisman riets geet. Déi zwee hunn zesummen och eng Koppel Albumen opgeholl.


D'Playlist vun haut:



The Real People - Can't Breathe (What's On The Outside, 1996)

Afghan Whigs - Algiers (Do The Beast, 2014)

Richard Ashcroft - Lucky Man (Acoustic Hymns, Vol.1, 2021)

Beth Orton - Best Bit (Best Bit, 1997)

Chip Taylor feat. Carrie Rodriguez - Wild Thing (Live From The Ruhr Triennale, 2005)

Courtney Barnett - Don't Apply Compression Gently (The Double EP: A Sea Of Split Peas, 2013)

The Jerry Garcia Tribute Band - Fire On The Mountain live (Dear Jerry: Celebrating The Music Of Jerry Garcia, 2016)

The Jerry Garcia Tribute Band - Sugaree live (Dear Jerry: Celebrating The Music Of Jerry Garcia, 2016)

The Jerry Garcia Tribute Band - Touch Of Grey live (Dear Jerry: Celebrating The Music Of Jerry Garcia, 2016)

Nada Surf - What Is Your Secret (The Weight Is A Gift, 2005)

Magnolia Electric Co. - The Dark Don't Hide It (What Comes After The Blues, 2005)

Ashton, Gardner & Dyke - Resurrection Shuffle (single, 1970)


Episoden

Let’s go live!

Vill Live-Opnamen an dëser Stonn Al Schanken
headphones

184 min

play_arrow

Jones Gang & Jeff Beck live

Zwou Rock Ikonen am Concert
headphones

184 min

play_arrow

Let’s groove!

Net nëmmen beim 2020 verstuerwene Bill Withers a senge Live-Opnamen aus dem Joer 1973 steet de Groove am Mëttelpunkt - an deen ass an dëser Stonn omnipresent ...
headphones

184 min

play_arrow

Soul and Funk

De Grëff an déi musikalesch Archivkëscht geet dës Kéier a Richtung Soul a Funk ...Genren, déi besonnesch an de Siwwenzeger Joren grouss erauskoumen a via d’USA exportéiert goufen.
headphones

184 min

play_arrow

Let’s go live!

Vill Live-Opnamen an dëser Stonn Al Schanken
headphones

184 min

play_arrow

Ben Harper live

De 26. Oktober 1997 hat den US-Museker souzesoen en Happy-Birtday-Gig am Atelier: hien ass do 2 Deeg no sengem 28. Gebuertsdag am Quartett opgetrueden ...
headphones

60 min

play_arrow

The Stranglers live

Mam Band-Matgrënner Jean-Jacques Burnel sinn déi englesch The Stranglers haut nach ëmmer aktiv - hien ass awer deen eenzegen Originalmember vun der Formatioun.
headphones

60 min

play_arrow

Psych Pop a Space rock

Mam Dave Brock a senger Formatioun Hawkwind a sengem fréiere Bandkolleeg Nik Turner stinn zwee Pionéier vum Space rock op der Playlist.
headphones

60 min

play_arrow

Dear Jerry

Vill Kolleege vum Grateful-Dead-Frontmann Jerry Garcia koumen am Mee 2015 am US-Bundesstat Maryland fir e sougenannten Tribute-Concert zesumme fir un hien ze erënneren.
headphones

60 min

play_arrow

Lemmy’s side project

headphones

60 min

play_arrow

Klangwelten

Invitatioun fir eng musikalesch Rees uechter verdreemte Soundwelten, Zäit fir d’Kompositiounen, wou manner haart gerockt mee éischter sophistiquéiert musizéiert gëtt.
headphones

60 min

play_arrow

Lou Reed live

An dëser Stonn lafen e puer Live Opnamen vun him, dorënner zwou méi apart Versiounen vu senge Kompositiounen ‚Kicks‘ a ‚Vicious‘.
headphones

60 min

play_arrow

Golden Earring live

Déi hollännesch Band gouf 1961 vun e puer Schoulkolleege an d’Liewe geruff a bestoung bis 2021. Dräi vun hiren éischten Erfolleger hu mir an der Live-Versioun derbäi.
headphones

60 min

play_arrow

Guns N’ Roses live

An dëser Stonn stinn e puer Live-Opname vun der US-Band op der Playlist a ginn esou e Virgeschmaach op den Optrëtt vun Axl Rose, Slash a Co. um Kierchbierg den 28. Juli.
headphones

60 min

play_arrow

Mad Dogs and Englishmen

Mat deem Duebelalbum si mir mam Joe Cocker am Joer 1970 - dëst bei enger éischter wéineg professionell organiséierter Tour, eng ustrengend an deier Tour.
headphones

60 min

play_arrow

In concert

Mir ginn dës Stonn véier Mol an de Concert - eis Affichen heeschen Talk Talk, Paul Weller, Jean-Louis Murat a Lucinda Williams.
headphones

60 min

play_arrow

Fluid architecture

D’Lidd steet an der éischter Rei ... an et ass de Stoff fir Geschichtenerzielerinnen an - Erzieler, déi erlieften oder erduechte Momenter op hir eege Manéier vertount hunn.
headphones

60 min

play_arrow

Technicolour Dreams

Et geet an dëser Stonn virun allem eran an d’Enn Sechzeger mat Tracken, déi dacks vu legalen a besonnesch illegale Substanzen nëmmen esou strotzen.
headphones

60 min

play_arrow

The Pretenders an de Bléck op de Concertskalenner

Déi US-brittesch Band The Pretenders, 1978 gegrënnt, haten éischt Hallschent vun den 80er weltwäit eng etlech Erfolleger an den Charts ze verbuche sinn - dräi dovunner lafen an dëser Stonn an de Live-Tracken.
headphones

60 min

play_arrow

Jerry Garcia live

De Bandleader vun der legendärer US-Jamrock-Formatioun Grateful Dead huet och mat eegener Band an a villen Zesummenaarbechte Placken erausbruecht, laang Stécker, mat villen Improvisatiounen.
headphones

60 min

play_arrow