arrow_back_ios
Klassik aktuell
Dräimol "Vergnügte Ruh"
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
E Sonndeg (16.10) proposéiert den Ensembel Ad Libitum deen nächste Concert am Kader vu sengem Kantatenzyklus. Direkt zweemol ass dann dem Johann Sebastian Bach seng Kantat "Vergnügte Ruh, beliebte Seelenlust" ze héieren, mat dertëschent enger Aféierung an d'Wierk vum Musicolog Francis Lucas. Dat selwecht Wierk steet dann och den Dag virdrun zu Metz an der Kierch Saint Maximin um Programm. Solist bei béide Concerten ass de Counter-Tenor Jeff Mack a hie war Invité beim Luc Boentges.