Et kann een deen Triwwel op e puer Manéiere maachen. Mir stellen Iech haut eng Variant mat Spinat vir. Et kann een och Tomaten oder Champignone amplaz huelen. A wien et gär huet, kann och mat ville Kraider verfeineren, wéi mat Bratzelen oder Péiterséileg. Schmaacht wonnerbar op engem waarme Stéck Toastbrout.
Dir braucht:
½ kleng rout Zwiwwel
1 Knuewelek-Zéif
50 g Spinatblieder
3 Zoppeläffel Olivenueleg
Ongeféier 400 g wäissen Tofu-Block
3 Zoppeläffel Margarinn
1 Zoppeläffel Hiefflacken
1 Kaffisläffel Kurkuma-Pudder
½ Kaffisläffel Chilli Flacken oder Pudder
Ongeféier 2 Kaffisläffel Salz (am beschte Kala Namak Salz) a Peffer
Zoubereedung:
Zwiwwel a Knuewelek-Zéif schielen a kleng schneiden
De Spinat kleng schneiden
Olivenueleg an enger Pan opwiermen, Zwiwwelen a Knuewelek dobäiginn, an ongeféier 10 Minutte kache bis d'Zwiwwele mëll sinn
Den Tofu mat der Hand a kleng Stecker formen an an d'Pan dobäi ginn, zesumme mat der Margarine
Hiefflacken, Kurkuma-Pudder & Chilli dobäiginn, a fir ongeféier 45 Minutte kachen
De Spinat dobäi ginn
Salz & Peffer dobäiginn
Puer genéissen, oder op engem Stéck Toast