Klassik aktuell
Ee vun de groussen Dirigente vum 20. Joerhonnert
5 min
De György Stern kënnt zu Buda - also um westlechen Donauufer vun der ungarescher Haaptstad - op d'Welt. Seng Famill huet hir Wuerzelen am Handwierker- a Geschäftsmilieu. Déi kënschtleresch Oder huet dee spéideren Dirigent vu senger Mamm Teresa Rosenbaum geierft. D'Famill Stern huet net schlecht, awer a bescheidene Verhältnisser gelieft, an de Fils huet am léifste mat senge Frënn Foussball gespillt. Mat 13 Joer koum de Georg Stern - spéider Solti - op d'Franz-Liszt-Akademie vu Budapest, wou hien dem Bela Bartok huet misse virspillen. Et war den Ufank vun enger aussergewéinlecher Karriär.