arrow_back_ios
Fräie Mikro
Peche géint d'Patriarchat
Op Instagram fënnt ee si ënner dem Numm Collages féminicides Luxembourg. De Kollektiv vun de sougenannte Colleusë bréngt feministesch Collagen am ëffentleche Raum un, fir géint sexistesch a patriarchal Gewalt ze protestéieren an ze sensibiliséieren. D'Isabelle Schmoetten vum CID Fraen an Gender befaasst sech an hirem Fräie Mikro mat dëser Aktioun.