arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Schlussstein meines Schaffens "
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Den 28. Oktober 1893 dirigéiert de Peter Iljitsch Tschaikowsky d'Uropféierung vu senger 6. Symphonie, vun der Pathétique. De Succès war net enorm. Dat huet dem Komponist op d'mannst esou vill Suerge gemaach, wéi säi Mo - de stännege Soud, déi chronesch Péng a Krämp. Nom Concert geet et fir de Komponist dann och riicht ewech an d'Spidol. Dës Kéier kënnen Dokteren allerdéngs net méi hëllefen. Néng Deeg méi spéit stierft de P.I. Tschaikowsky.