Klassik aktuell
Wëssenschaftler a Komponist
5 min
"Ech setze meng ganz Hoffnungen an iech, datt dir sollt mäi Successeur ginn, mee dir denkt nëmmen un d'Musek an dir laaft zwee Huese gläichzäiteg no." Dem Alexander Borodin säin Chimiesprofesser Nikolai Zinine war glat a guer net begeeschtert vu senger Leidenschaft fir d'Musek. Fir de Borodin selwer war dat duebelt Talent säi Liewe laang een eenzegen Dilemma. Méi ewéi eng Kéier huet hie sech selwer missen d'Fro stellen: Sinn ech Wëssenschaftler - schliisslech interesséieren ech mech mat Leif a Séil fir d'Naturwëssenschaften - oder sinn ech Komponist, ech maachen nämlech och näischt léiwer ewéi Musek. An Erënnerung bliwwen ass haut de Komponist Alexander Borodin, deen den 31. Oktober 1833 op d'Welt koum.